mstdn.social is one of the many independent Mastodon servers you can use to participate in the fediverse.
A general-purpose Mastodon server with a 500 character limit. All languages are welcome.

Administered by:

Server stats:

16K
active users

#amBistroMatDerWoxx

1 post1 participant0 posts today

Am Bistro mat der woxx #326 – Wann den Dierwiechter an d’FlĂŒchtlingsheem kĂ«nnt 


All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en AblĂ©ck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’HannergrĂ«nn vun engem Artikel.


Zu LĂ«tzebuerg gĂ«tt et ee Mangel u Plazen a Strukture fir Leit, dĂ©i geflĂŒcht sinn. Zesumme mat dem extrem iwwerlaaschte Wunnengsmaart feiert dat zu Situatiounen, datt Leit aus de staatleche Strukturen expulsĂ©iert ginn. Hir eenzeg Ă«ffentlech Alternativ ass dann dĂ©i sougenannt Maison de retour – oder d’Wanteraktioun. Am Podcast erklĂ€ert d’MarĂ­a Elorza, wĂ©i et zu dĂ«ser Situatioun komm ass a wĂ©i se sech warscheinlech entwĂ©ckele wĂ€ert.
Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Politique d’asile : Signaux d’alerte.
 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/1997208/c1e-8nrqgto7pz7hr7d3d-1p4m702gt881-c3jzqg.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Am Bistro mat der woxx #325 – D’Situatioun vun de Roma zu LĂ«tzebuerg

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en AblĂ©ck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’HannergrĂ«nn vun engem Artikel.

Et gi vill Virurteeler iwwert Roma, an zu LĂ«tzebuerg sinn dĂ«s besonnesch staark, wĂ©i dĂ©i rezent Diskussiounen iwwert Heescheverbuet gewisen hunn. De Fabien Grasser huet fir d’woxx mat zwou Associatiounen, dĂ©i sech d’Roma zu LĂ«tzebuerg an an der Grenzregioun asetzen, geschwat. Hien erklĂ€ert am Podcast, wat Problemer a Virurteeler sinn a wat fir WidderstĂ€nn et an der LĂ«tzebuerger Politik gĂ«tt, zum Beispill gĂ©int eng aire de transit. Mir schwĂ€tzen awer och doriwwer, wat eng Roma-Associatioun um Festival des Migrations mĂ©cht a wat d’Besicher*innen vun hirem Stand erwaart.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Roms du Luxembourg : l’État aux abonnĂ©s absents. Besicht och d’woxx op eisem Stand um Festival des Migrations (Stand Nummer 128).

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/1992790/c1e-p24xrt140jvfq8o5o-6z12zvjdt92r-epfy6t.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Am Bistro mat der woxx #324 – Wisou Logement ee feministescht Thema ass

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en AblĂ©ck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’HannergrĂ«nn vun engem Artikel.

De Wunnengsproblem zu LĂ«tzebuerg ass grouss – eng Tatsaach, dĂ€r sech dĂ©i meescht Leit wuel bewosst sinn. WĂ©ineger bekannt ass awer, datt de Logement och ee feministescht Thema ass. Wisou dat esou ass, erklĂ€ert d’Tatiana Salvan an dĂ«ser Episod vum woxx-Podcast. Et geet Ă«m DiskriminĂ©ierung, LounĂ«nnerscheeder an d’Fro, wat d’Politik Ă«nnerhĂ«lt. Ausserdeem stelle mir d’Fuerderunge vun der Plattform JIF, dĂ©i de Logement dĂ«st Joer zu engem vun hiren Haapttheme gemaach huet, mĂ©i genee vir.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Le logement, source d’inĂ©galitĂ©s entre les sexes

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/1987880/c1e-wrx8jfrnm97h8kgg3-ndo7kpw4iznd-h2bx2g.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Am Bistro mat der woxx #323 – MĂ©i a mĂ©i sĂ©ier bauen: Op KĂ€schte vun der Natur?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en AblĂ©ck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’HannergrĂ«nn vun engem Artikel.

An dĂ«ser Episod schwĂ€tzt de JoĂ«l Adami mat der Melanie Czarnik iwwer d’Reform vum Naturschutzgesetz an d’Kritik, dĂ©i dĂ«s mat sech brĂ©ngt. WĂ©i kann d’Regierung d’Natur schĂŒtzen a glĂ€ichzĂ€iteg mĂ©i Wunnraum schafen? A geet et hei wierklech Ă«m eng equilibrĂ©iert LĂ©isung oder ginn Ëmweltauflagen einfach ofgebaut? Mir kucken, wĂ©i d’Reform sech op d’BiodiversitĂ©it an d’LiewensqualitĂ©it am Land auswierke kĂ©int a firwat Klimaschutz Ă«mmer mĂ©i aus der politescher PrioritĂ©itenlĂ«scht verschwĂ«nnt.

Den Artikel dozou: Reform des Naturschutzgesetzes: Mit der KettensÀge

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/1983604/c1e-p24xrt57ng9fq850p-47dw53rvc6wg-tmnzaw.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Am Bistro mat der woxx #322 – Wat Schwerhörigkeit mat psychescher Gesondheet ze dinn huet

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en AblĂ©ck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’HannergrĂ«nn vun engem Artikel.

 An dĂ«ser Episod vum Podcast schwĂ€tzen d’Melanie Czarnik an de JoĂ«l Adami doriwwer, wĂ©i et ass, net gutt ze hĂ©ieren. Mir gi gewuer, wat d’Ursaache fir Schwerhörigkeit kĂ«nne sinn, an diskutĂ©ieren, wĂ©i dat och erĂ«m op op d’Psych schloe kann. Mir beliichten d’Situatioun zu LĂ«tzebuerg, dĂ©i duerch d’MĂ©isproochegkeet net grad einfach ass, an dofir och hĂ©ich Ufuerderungen un Dolmetscher fir dĂ©i dĂ€itsch GebĂ€erdesprooch mat sech brĂ©ngt. Zum Schluss geet et dann och drĂ«m, wat d’Politik maache kĂ©int, fir fir mĂ©i Inklusioun ze suergen.

Den Artikel dozou: Leben mit Schwerhörigkeit: Missverstehen

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/1978482/c1e-d8z2vc607qdfw98qn-z3d67qx8fn0-p6yzab.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Am Bistro mat der woxx #321 – Klimakrise: PlĂ€ne der Regierung, Forderungen der CSL

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en AblĂ©ck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’HannergrĂ«nn vun engem Artikel.

Haut schwĂ€tze mir iwwert d’Klimakris an hir Auswierkungen op LĂ«tzebuerg. WĂ©i hu sech d’Temperature bei eis verĂ€nnert, a wat sinn dĂ©i konkret Konsequenzen fir d’Natur an d’Aarbechtswelt? De JoĂ«l Adami erklĂ€ert, wĂ©i d’Regierung mam neie Klimaupassungsplang reagĂ©iert a firwat d’CSL Ännerungen am Aarbechtsrecht fuerdert, fir d’Aarbechter*innen besser ze schĂŒtzen.

Den Artikel dozou: Klimakrise: An der Anpassung arbeiten

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/1974512/c1e-j7d3vtq9xn8c5vdx9-0v5158jvbrj6-dgrn6h.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Am Bistro mat der woxx #320 – Wisou ass et wichteg, iwwer Suizid ze schwĂ€tzen?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en AblĂ©ck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’HannergrĂ«nn vun engem Artikel.

Haut schwĂ€tze mir iwwert ee komplext an onangeneemt Thema, nĂ€mlech Suizid. Wisou ass et wichteg, iwwert Suizid ze schwĂ€tzen an och dat Wuert ze benotzen? Wat kann ee*nt maachen, wann ee*nt mat enger Persoun konfrontĂ©iert ass, dĂ©i suizidĂ€r Gedanken Ă€ussert? D’Melanie Czarnik an de JoĂ«l Adami diskutĂ©ieren net just iwwert dĂ©i Froen, mĂ€ schwĂ€tzen och doriwwer, wat fir gesellschaftlech Gruppe besonnesch betraff sinn. Si decken och e puer Mythen, dĂ©i et iwwert suizidĂ€r Persoune ginn, op.

Den Artikel dozou: Psychische Gesundheit: GefÀhrliches Schweigen

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/1968526/c1e-o2mz9tvzx7ztdwnnj-v626wg18fj8v-ki67qa.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Am Bistro mat der woxx #319 – Zwou Petitiounen zum Thema LGBTIQA an der Chamber

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en AblĂ©ck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’HannergrĂ«nn vun engem Artikel.

Leschten DĂ«nschde gouf an der Chamber iwwert zwou Petitiounen diskutĂ©iert. DĂ©i eng wollt all LGBTIQA-Themen aus der Schoul verbannen, dĂ©i aner huet sech fir mĂ©i vun dĂ«sen Themen am Unterrecht agesat. D’Melanie Czarnik an de JoĂ«l Adami diskutĂ©ieren am Podcast, wĂ©i si dĂ«s Diskussiounen erlieft hunn an analysĂ©ieren, wĂ©i d’Politik mat de Petitiounen Ă«mgaangen ass – an iwwerleeĂ«n, wat een hĂ€tt kĂ©inte besser maachen.

D’Artikelen dozou: LGBTIQA-Politik: Sonntagsreden reichen nicht & Debatte: Nicht-Wissen-Wollen

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/1954821/c1e-wrx8jfr2kw2h8kggn-ndor38ppc36p-eer6e6.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Am Bistro mat der woxx #318 – D’russesch Krichswirtschaft an d’Konsequenzen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en AblĂ©ck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’HannergrĂ«nn vun engem Artikel.

Kuerz virun Enn vu senger PrĂ€sidentschaft huet de Joe Biden nacheng KĂ©ier sĂ€fteg Sanktioune gĂ©int Russland beschloss. Den DonaldTrump schĂ©ngt dat net ze steieren, hien huet dem Putin mat nach mĂ©iSanktioune gedrĂ©it, sollt de Krich an der Ukrain net geschwĂ«nnzu Enn sinn. Ee gudde Moment also, fir sech unzekucken, wat dĂ©iSanktioune genee sinn a wĂ©i se wierken. An Russland gĂ«tt et zwareng Zort wirtschaftleche Boom, mĂ€ trotz niddreger Aarbechtslosegkeetan hĂ©ije LĂ©in kĂ«nne sech vill Leit d’Liewen net leeschten. Wisoudat esou ass, erklĂ€ert den Thorsten Fuchshuber an dĂ«ser Episod vumwoxx-Podcast.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Russland und die US-Sanktionen: Kannibalisierende Kriegswirtschaft

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/1949456/c1e-08kpxcj43vmc6dmmx-z3dp0wq4u33r-dpdfcv.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Am Bistro mat der woxx #317 – Dual-Use: Krichsmaterial aus LĂ«tzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en AblĂ©ck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’HannergrĂ«nn vun engem Artikel.

Obwuel mir zu LĂ«tzebuerg keng eege RĂŒstungsindustrie hunn, gi Firmen aus dem Grand-DuchĂ© beschĂ«llegt, u Krichsverbrieche bedeelegt ze sinn. Dat dĂ«s Firmen zwou Banke sinn, ass fir dĂ©i meescht vun eis warscheinlech net iwwerraschend. An dĂ«ser Episod geet et dorĂ«ms, wĂ©i LĂ«tzebuerg a seng Finanzplaz bei Kricher a Krichsverbrieche matmĂ©cht. Ob dĂ«st manner wĂ€ert ginn, hĂ€nkt vun der Regierung of, wĂ©i d’woxx-Journalistin MarĂ­a Elorza Saralegui erklĂ€ert. Dat hĂ€nkt engersĂ€its dovunner of, wĂ©i d’Richtlinn fir een Droit de vigilance Ă«mgesat gĂ«tt, an anerersĂ€its dovunner, wĂ©i LĂ«tzebuerg an Zukunft mat sougenannten Dual-Use-Projeten Ă«mgeet.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: GĂ©nocide des Kurdes : Responsabiliser les complices

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/1944436/c1e-q7mo0t2g8m4tjpvq1-5z1x6w9ghm26-hetbgq.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Am Bistro mat der woxx #316 – GĂ«tt et Dateschutz am Prisong?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en AblĂ©ck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’HannergrĂ«nn vun engem Artikel.

Eng dĂ€itsch Aktivistin huet opgedeckt, datt de Programm „Basis“, dee fir d’Verwaltung vun de DonnĂ©e vu PrisonĂ©ier benotzt gĂ«tt, net konform mat der Dateschutz-Reglementatioun ass. An wĂ©i si mĂ©i Informatioune wollt hunn, huet et geheescht: Nee, well LĂ«tzebuerg wĂ«ll dĂ©i Informatiounen net erausginn. LĂ«tzebuerg? Jo, och de Grand-DuchĂ© benotzt „Basis“, mĂ€ hei am Land gesĂ€it d‘Administratioun keng Problemer mam Dateschutz. D‘woxx ass der Saach op de Grond gaangen, am Podcast schwĂ€tze mir doriwwer.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: GefĂ€ngnisverwaltung: Die Software fĂŒr alles – außer Datenschutz 

 

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/1938396/c1e-j7d3vtq3q5ki5v1d5-kpww24jqspzo-oeixx7.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Am Bistro mat der woxx #315 – Die Illusion von Gesellschaft

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en AblĂ©ck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’HannergrĂ«nn vun engem Artikel.

An der neier Episod vun Am Bistro mat der woxx schwĂ€tzt d’Melanie Czarnik iwwert hir Recherche zu der sougenannter KĂ«nschtlecher Intelligenz an der Roll, dĂ©i se am Kampf gĂ©int Einsamkeet spillt. Riets geet iwwert Plattformen wĂ©i Replika an dĂ©i nei friend-App, wĂ©i KI als Begleeder funktionĂ©iert a wat fir Risiken an Erausfuerderungen domat verbonne sinn.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Die Illusion von Gesellschaft

 

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/1924483/c1e-m74jotnon0ofg2qj0-5zk89zk7fkn6-krdjka.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

00:00/23:39

Am Bistro mat der woxx #314 – Wisou de Computer domm blĂ©ift an kĂ«nschtlech Intelligenz virun allem Hype ass

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en AblĂ©ck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’HannergrĂ«nn vun engem Artikel.

An der neier Episod vun Am Bistro mat der woxx schwĂ€tzt de JoĂ«l Adami iwwert seng Meenung an Usiichten zur sougenannter KĂ«nschtlecher Intelligenz, wĂ©i hien se och a sengem Essay an der neister woxx duergeluecht huet. Riets geet iwwert d’Verschmotzung vum Internet, iwwert d’MaterialitĂ©it vu KI an anere Programmer a wĂ©i grouss den ökologesche Foussofdrock vun esou Programmer ass. Hien erklĂ€ert awer och, wat fir Uwendunge senger Meenung no sĂ«nnvoll sinn a wat vun der KI-Fabrik vun der LĂ«tzebuerger Regierung ze halen ass

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Der Computer bleibt dumm

 

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/1924438/c1e-6ro3nf2v2grfkm3n5-9j07pdvmimmn-adiach.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Am Bistro mat der woxx #313 – Ewigkeitschemikalien

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en AblĂ©ck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’HannergrĂ«nn vun engem Artikel.

An der neier Folg vu Am Bistro mat der woxx schwĂ€tzt JoĂ«l Adami iwwer EewĂ€ik-Chemikalien an eisen GewĂ€sseren. Hien erklĂ€rt, wat dĂ«s Chemikalien sinn, wĂ©i se an d’Ëmwelt kommen a wĂ©i eng Geforen se fir MĂ«nsch a Natur duerstellen. Hien beliicht och dĂ©i onvollstĂ€nneg DonnĂ©eĂ«n an d’Gesetzeslag an Europa a gitt en AblĂ©ck an dĂ©i aktuell Situatioun zu LĂ«tzebuerg.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Ewigkeitschemikalien

 

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/1920347/c1e-m74jotnvgxjsg2q4z-qd4939nzc6-wto89c.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

00:00/22:57

Am Bistro mat der woxx #312 – Wat ass digital Gewalt gĂ©int Fraen?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en AblĂ©ck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’HannergrĂ«nn vun engem Artikel.

Am Kader vun der Orange Week werfe mir haut ee BlĂ©ck op digital Gewalt gĂ©int Fraen. Villes, wat dorĂ«nner fĂ€lt, lĂ©isst sech mat Cyberstalking an Iwwerwaachung zesummefaassen. Frae gi vun hire Partneren oder Expartner elektronesch iwwerwaacht. Dat geet net just mat engem Smartphone, mĂ€ mĂ«ttlerweil och mat dem Auto. D’Melanie Czarnik erklĂ€ert am Podcast, wat fir Methoden et ginn, mat deenen d’TĂ€ter hir Affer iwwerwaachen a stalken – an awer och, wĂ©i een sech dogĂ©int ka wieren.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Digitale Gewalt: Das Handy als Tatwaffe

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/1915332/c1e-43kxrt4wd43i82p5z-gpkgxpn0cg7p-quwho6.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Am Bistro mat der woxx #311 – Wat geschitt mam ChĂŽmage vu fransĂ©ische Frontalieren?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en AblĂ©ck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’HannergrĂ«nn vun engem Artikel.

FrankrĂ€ich wĂ«ll de System Ă€nneren, wĂ©i d‚Suen, dĂ©i Frontalieren am ChĂŽmage ze gutt hunn, berechent ginn. Si sollen deemno dĂ€itlech manner krĂ©ien, wat och eng grouss Verschlechterung vun hirer Situatioun mat sech brĂ©ngt, well d’Liewen hannert der Grenz duerch dĂ©i hĂ©ich LĂ©in zu LĂ«tzebuerg dĂ€itlech mĂ©i deier ginn ass wĂ©i am Recht vu FrankrĂ€ich. Am Podcast erklĂ€ert de Fabien Grasser, wĂ©i et zu dĂ«ser Reform koum, wat se fir d’Frontaliere bedeit a wĂ©i zu LĂ«tzebuerg dorobber reagĂ©iert huet. DobĂ€i geet et och Ă«m dĂ©i lĂ«tzebuergesch Regierung, dĂ©i bis elo Ă©ischter de Kapp an de Sand gestach huet.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: IndemnitĂ©s chĂŽmage des frontalier·Úres français·es : La variable d’ajustement 

 

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/1910611/c1e-nknz3s5w5m0tqm1rd-z39093kqbdg-fcpxgu.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

00:00/17:41

Am Bistro mat der woxx #310 – Wisou gouf d’Anti-Deforestatiounsgesetz vun der EU verrĂ©ckelt?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en AblĂ©ck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’HannergrĂ«nn vun engem Artikel.

Am EU-Parlament gouf beschloss, de Start vum Anti-Deforestatiounsgesetz Ă«m ee Joer ze verrĂ©ckelen. MĂ€ net nĂ«mmen dat, et koum och a leschter Minutt zu Ännerungen um Text u sech. DĂ«st alles duerch eng Koalitioun aus rietsen a rietsextreme Parteien. Am Podcast erklĂ€ert d’Tatiana Salvan, wĂ©i et zu dĂ«sen Ännerunge koum, wat un hinne kritisĂ©iert gĂ«tt a wĂ©i d’Zukunft vum Anti-Deforestatiounsgesetz elo ausgesĂ€it.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Environnement : Pas de rĂ©pit pour les forĂȘts

https://episodes.castos.com/6607eea5bef0c6-96811858/1904178/c1e-3od79a5mm4ouwg97q-7zk0x6x5u940-qkyyr5.mp3

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

00:00/12:15